background background

Nidderaanwen

Gemengewalen 2023

 

Wahlresultater

Separateur
NummBeruffUertschaft
1Josselijn (Jojo) CAMES-DE VRIES
Spëtzekandidatin
Expertin anti-blanchimentNidderaanwen
2Frank GOERGEN
Spëtzekandidat
Bank Employé
Member vun der Ëmweltkommissioun
Tresorier dei gréng Nidderaanwen
Nidderaanwen
3José Luis ACEDOEuropäesche Fonctionnaire (Affekot)
Member Aanwensgaart Asbl
Adept vun Ëmweltfroen
Nidderaanwen
4Ben CARTEREco-Artist
Illustrator & Graphic designer
Rameldang
5Tun GEYERGemengerot
Gemengebeamten an der Pensioun
Member vun der Schoulkommissioun
Iernster
6Laurent KALMUSBank Employé
Relationship Manager
Nidderaanwen
7Martine LAISSYComptabelHueschtert
8Danièle LEVYEuropäesche Fonctionnaire an der Pensioun
Member vun der Integratiounskommissioun
Fréiere Member vum Auslännerrot CNE
Hueschtert
9Karol MAZIUKIEWICZExpert-ComptabelSenningerbierg
10Dagmara MAZIUKIEWICZ-SOWULFinanzexpertin
Bénévole bei der Fondation Cancer
Senningerbierg
11Gregorio MONGELLIInformatiker, dipl. Ingénieur ETH
Member vun der Generatiounskommissioun
Hueschtert
12Gina MULLER-ROLLINGERGemengerot
Member vum Baucomité
Presidentin déi gréng Nidderaanwen
Nidderaanwen
13Jo SIMONIngenieur an der PensiounSenningerbierg
Separateur

Message vun eisem Spëtzekandidat / eiser Spëtzekandidatin

Léif Wielerinne, léif Wieler,

Zënter méi wéi 30 Joer fuerdert d’Partei déi gréng ëmmer nees op erneierbar Energiequellen ze wiessele, mä méi wéi dräi Joerzéngte laang gouf dës Fuerderung net eescht geholl. Déi traditionell politesch Parteien hunn d’Entwécklung vun erneierbaren Energien als e marginale Phenomen ugesinn. Dee schreckleche russesch-ukrainesche Krich huet d’Leit zum Ëmdenke bruecht. Haut fënnt een d’Produktioun vun erneierbaren Energien an de Walprogrammer vu bal alle politesche Parteien. Doraus ergëtt sech datt d‘Energietransitioun net méi ideologesch, mä wéinst dem Klimawandel onvermeidlech ass.

Zënter 2005 sinn déi gréng am Gemengerot vun Nidderaanwen vertrueden, fir d’éischt mat enger gewielter Vertriederin, duerno vun 2017 un, mat enger Vertriederin an engem Vertrieder. Déi gréng konnten an all deene Joren an der Oppositioun hir Meenung net nëmme bei ökologeschen Themen abréngen, mä och an allen anere Beräicher vun der Gemengepolitik.

Well mir en oppent Ouer fir d’Awunner·inne hunn, sinn hir Fuerderungen an de Walprogramm vun déi gréng agefloss a vill vun deenen Iddie sinn an de leschte Jore realiséiert ginn. Zum Beispill:

  • De Foussgängerwee tëschent Nidderaanwen a Mënsbech (Fuerderung vun 2005!)
  • D’Schafe vun enger plurikommunaler Fotovoltaik-Kooperativ
  • D’Aféierung vu véier Poubellë fir d’Offallsortéierung ze optimiséieren

Am Walbezierk Zentrum ass et virun allem d’Realisatioun vum neien Tram an der Stad vun engem gréngen Transportminister, eng Tramslinn déi geschwënn bis op de Sennengerbierg kënnt. Wat d’Mobilitéit an den ëffentlechen Transport ugeet, wäert dat e Virdeel fir d’Awunner·inne vun der Gemeng Nidderaanwen ginn.

Fir d’Gemengewale vum 11. Juni 2023 präsentéieren déi gréng eng Lëscht vun 13 dynamesche Kandidaten, déi vun der Gemengepolitik motivéiert sinn. Och wann d’Geschlechterparitéit net erreecht konnt ginn, hu mir awer versicht eng ausgeglache Lëscht ze präsentéieren, déi Leit vu fënnef verschiddenen Nationalitéiten, Aktiver, Pensionéierter zesumme bréngt, sou datt eng optimal Representativitéit vun den Awunner·innen aus der Gemeng Nidderaanwen garantéiert ass.

An der deeglecher Aktualitéit mierke mir, datt d’Gemeng Nidderaanwen trotz gewëssen Ustrengunge beim Wuelbefannen a bei der Liewensqualitéit, bei wäitem nach keng exemplaresch Gemeng ass.

A Saache Gemengepolitik ginn et nach grouss Erausfuerderunge wéi:

  • De Mangel u bezuelbare Wunnengen, besonnesch Appartementer (Verkaf a Locatioun)
  • D’Virgoe géint d‘Buedemspekulatioun
  • D’Schafe vu gemeinsame Beräicher (shared space) an de Citéen
  • D‘Planze vu Beem an Hecke fir d’Temperature bei Hëtztwellen an de Wunnstroossen ze reduzéieren
  • D’Produktioun vun erneierbarer Energie (Fotovoltaik)
  • Den Ausbau vun der doucer Mobilitéit
  • D’Verhënnere vun Abréch duerch präventiv an ofwierend Video-Iwwerwaachung
  • D’Nodeeler vum Stroosseverkéier

Déi Gréng Nidderaanwen si prett fir politesch Verantwortung ze iwwerhuelen, virausgesat d’Prioritéite vun hirem Programm gi respektéiert.